23. Oktober 2021
No Joerzéngten exzellenter Aarbecht halen de Jean-Marc Faust an de Mike Derneden ab dëser Saison als Jugendtraineren op. Déi ganz Indiaca-Bettenduerf Famill seet dem Jean-Marc an dem Mike villmools Merci fir hier glorräich Aarbecht déi si fir de Club geleescht hunn. Zesummen kommen si op knapps 60 Joer Erfarung! Villmools Merci!
09. August 2021
D'IFL konfirméiert dass d'Indiacaweltmeeschterschaft 2022 vum 2. bis de 6. August an der Coque stattfënnt! Méi Infos an Updates op: www.indiaca.lu
22. Juni 2021
Den 18. Juli ass et esou wäit! Den Indiaca Bettenduerf invitéiert op säin 5. Wikingerschach-Tournoi! Maacht iech séier bei! D'Plaze si limitéier! Umellungen: mike@bettenduerf.lu
15. Juni 2021
Liicht um Enn vum Tunnel!
No bal engem ganze Joer Paus, coronabedéngt, mellen mir eis zréck! Den Training leeft erëm, fir grouss a kleng, natierlech am Respekt vun de sanitäre Reegelen. De Planning fir weider Aktivitéiten leeft och op Héichtouren! Geschwënn gitt dir gewuer wat mir fir iech geplangt hunn. Bleift sportlech a negativ! Äre Comité
20. Dezember 2019
Just 4 Fun –Spillregelen : Netzhéicht : 2.20 m Terrain : 6.10 x 16m, den Terrain ass an der Mëtt duerch eng Mëttellinn an d’Netz gedeelt. Spilldauer: All Saz dauert 10 Minuten. De leschte Ball gëtt fäerdeg gespillt. Punkten: Bei all Fehler kritt de Géigner ee Punkt. Ween de Punkt kritt, dee kritt/behält och de Service. Opstellung: Et musse 4-5 Leit um Terrain stoen, dovu maximal 2 Indiaca-Spiller. Et kann sou oft gewiesselt gi wéi ee wëllt, mee ëmmer nëmme beim Service.E Spiller...
08. Juni 2018
Spielort: Wikingerschach Spielregeln Spielfeld 8m x 4m Spielbeginn Nach der Spielvorbereitung (Aufbau der Kubbs (Holzklötze) wird bestimmt, welche Mannschaft beginnt (jeweils ein Spieler versucht sein Wurfholz so nahe wie möglich an den König ranzuwerfen, fällt der König jedoch um, so ist dieses Anspiel verloren) . Zu Beginn des Spiels bekommt die Mannschaft, welche anfängt, alle 6 Wurfhölzer. Diese werden unter dem Team aufgeteilt. Zum 2. Satz wird dann wieder ausgespielt wer beginnen...
06. November 2014
Ganz souveränen Optrëtt vun der Mixed-Equip vum Indiaca Bettenduerf zu Useldeng an der 1/4 Final vun der Coupe. D'Spiller ëm de Kapitän Ben Ewers hunn ni Zweifelen un engem Sieg opkomme gelooss an zéien mat engem 3-0 (25-15;25-22;25-14) an d'Halleffinal an. Just d'Verletzung vum Aexandra Elsen am 1.Saz dréift d'Stëmmung bëssen. Gespillt hunn: Ewers Ben, Derneden Mike, Faust Michel, Poecker Alex, Kinn Tessy, Elsen Alexandra an Wagner Cheyenne.
25. Oktober 2014
1.Ronnematcher vun der Coupe IFL 2015 sinn ausgeloust
20. Oktober 2014
Den 15.11.14 ass zu Bettenduerf an der Sportshal den 1.Spilldag Mixed-Championnat 2014. Owes get et Ham, Fritten an Zalot....
09. August 2014
Fantastescht Resultat um Junior World Cup. All 4 Equippen vum Indiaca Bettenduerf packen et bis an d'Final an Youth Mixed Equipp gewënnt suguer de World Cup

Wikingerschach Umellungen:

 

mike@bettenduerf.lu